top of page

kichen.

Draamkichen

Lellig

Material Eeche, Koski an Inox

Joer 2026

- Mir fannen néirens eng Kiche wei mir se wëllen, kee kann d'Elementer esou kombinéieren.

- Dann sidd dir bei eis genau richteg, mir bauen se fir Iech sur Mesure, quasi är Dramkichen.

Dëst war den éischten Kontakt mat der Cliente fir des Kichen. Do wou d'Industrie net weider kennt, well et iwwert hiere Standard raus geet, komme mir zum Asaz an och scho gäre fiedrun.

Gréng a crème Fronten, Inox mat Holz kombinéiert, eng Aarbechtsplack vun 80cm, eng Hotte déi aus der Aarbechtsplack erausfiert a genau déi Geräter déi gewënscht waren, net déi wou mir mengen dass déi beschte fir de Client wieren.

Esou einfach kann et sinn, mell och du dech fir deng individuell Kiche - zu engem echte Preis, kee kënschtlech rop a erof gerechenten.

bottom of page