top of page

kichen. garderobe. kaffimiwwel.
D'Kichen ass mäin Beräich

Sou sot eis den Här aus dem Haus:„Schéi waarm am Holz an all Akzent schwaarz, wou et nëmme geet.“„ Ganz gäre“ soe mir. Gestaltung, Hierstellung a Montage duerch eis. Nieft de Miwwel och d’Aarbechtsplacken am Eeche massiv a schwaarze Granit zudeem d’Geräter an de Spritzschutz aus Glas. Highlight an dëser Kichen: zwou verschidden héisch Aarbechtsplacken, fir déi grouss a manner grouss Persounen am Stot — och an der Kichen ass Ergonomie wichteg.
bottom of page







