top of page
Schräiner schneit Holz op grousser Dëschsee

servicer.

Eise Prozess

Kichen op Mooss aus Eechenholz a schwaarzem Granit

Komplett Kichen

Sideboard aus Eeche mat Kaffismaschinn an -taassen drop

Sideboards

Wäissen Abauschaf ënnert enger Trap

Kleederschief

Groussen Eechendësch an engem helle Raum mat Holzbuedem an Dachschrägen

Dëscher

Bibliothéik mat oppenen Etagèren an integréierter Garderobe mat gielen Dieren

Schief

Garderobe mat integréiertem Pegboard, alles aus Walnossholz
Garderobe mat integréiertem Pegboard, alles aus Walnossholz

Garderoben

Wann mir Miwwel soen, dann schwätzen mir vum Iwwerbegrëff. Eigentlech mengen mir domadder:

Wat mir maachen

design. handwierk.

Noopnam vun eenzelne Parquetslaten an enger Schräinerei

prozess.

Mir begleeden dech vun Ufank bis Enn

Mir sinn awer net nëmmen däin Uspriechapartner bei dem Eenzelstéck, mee och ganz gäre beim kompletten Innenausbau oder bei der Coordinatioun vu verschiddenen Gewierker. Sou leeft alles fir däin Doheem iwwert een Uspriechspartner  an ass selbstverständlech sur mesure.

installatioun.

Däin neit Doheem

Mir bréngen dir däin Drammiwwel Heem a installéieren dëse mat Präzisioun. Natierlech mat dem gréisstem Respekt virun dengem Hellegstem – dengem Doheem. Elo kritt de Begrëff: „sur mesure“ seng Bedeitung, wann alles wei ugegoss passt an op geet. Däin Doheem ass nieft dir selwer, em e weidert Eenzelstéck, mei schéin.

Noopnam vun Hänn déi mat enger Schraufmaschin eng Lat festmaachen
Noopnam vun Hänn déi mat enger Schläifmaschinn eng Holzplack schläifen

konstruktioun.

Eis Erfarung deele mir gären!

Mir deelen eist Wësse mat dir, sou dass aus denger Iddi e konkrete Plang gëtt. Zesumme wiele mir d'Materialien, d'Proportiounen an deng Besoine fir den Alldag aus. Mir erklären dir firwat mir bestëmmte Konstruktiounen uwenden a wat fir Uewerflächen zu dengem Liewe passen. Mat Echantillone fir unzepaken a kloren Zeechnungen trëffs du deng Decisioun mat guddem Gefill.

prozess.

Deng Besoinen verstoen

Du stees virun engem eidelen Haus, enger grousser Ëmgestaltung oder eengem Raum dee passend funktional ëmgestalt soll ginn? Da ginn et vill a grouss Entscheedungen ze treffen. Mir hëllefen Räimlechkeeten no dengen Besoinen ze gestalten, déi souwuel praktesch wéi och komfortabel sin. Mir entwerfen an stellen däin Drameenzelstéck no denge Wënsch hier.

Noopnam vun Hänn iwwert Pläng a Miwwelzeechnung
Noopnam vun engem zweedeelege Buedem aus Holzparquet a schwaarze Plättercher

qualitéit.

Eenzegarteg Miwwelstécker fir däin Doheem

Holz ass wonnerbar an eenzegaarteg: Et huet eng onendlech Varietéit u Faarwen, Strukturen an Eegenschaften. Sou wéi et bannent engem Bamstamm keng zwee identesch Dill gëtt a kee Bam wéi deen aneren ass, sou sinn och all eis Miwwel eenzegaarteg. Mat eiser authentescher Designënnerschrëft kreéiere mir eenzegaarteg Stécker déi denge Besoinen entspriechen.

Mir liewen dat traditionellt Handwierk. Bestänneg an zolidd Miwwelen ze schafen ass eis Bestëmmung.

bottom of page