top of page

kichen.

Landhauskichen à la carte

Eis Gestaltungusätz ginn net ëmmer gebraucht, sou wéi bei dëser Kichen – d’Cliente hat hier eegen kloer Virstellungen an Iddien. Dës huet Si eis unhand vu Fotoe gewisen a mir hunn hier Dramkichen no hire Wënsch ëmgesat: Landhausstil, wou een nëmme kuckt. Highlights an dëser Kichen sinn e risegen duebele Spullsteen, e Schneidbriet als Tirang mat Lach fir den Offall, e risegen Uewen an Gaskachplacken souwéi eng zolidd a massiv Verkleedung vun der Hott — immens gelongen! Miwwel. Geräter. Aarbechtsplack. duerch eis.

bottom of page