top of page

garderobe.
Pinterest inspiréiert sech heirunner

Bei dësem Projet ware mir mat dem gefuerdert, wat mir besonnesch gutt kënnen. Sur
mesure, op e Raum vu knapps 2m2 an d’Kombinatioun vu verschiddenen Iddien zu
engem Ensembel. Klassesche Werdegang: D’Cliente hat verschidde Fotoe vun engem
Pegboard, vu Stockage a vun enger Garderob – wichteg war et dass déi 3 Kanner
am Haus, hir Saache selwer raumen an huele kënnen. Mir hunn dunn dës flott Kombinatioun
entworf a genee esou gebaut. Dës 2 Miwwel stinn sech direkt géigeniwwer.
bottom of page



